D'Wëllef vu Beggen
News De Wellefchen De Ruddel De Sall Fotoen
Logo
 
D´Kand am Wëllefchersalter:


Mat Kanner aus dem Wëllefchersalter d´Liewen entdecken heescht Entdeckungsfreed, Kreativitéit a Fantasi an de Kanner waakreg maachen an entwéckelen.

Effektiv, Kanner am Alter vun 8 bis 11 Joër sin immens virwëtzeg, wëlle gäre bäiléieren, entdecken, fuerschen......, och wann hautdësdaags verschidde gesellschaftlech Phenomener an Tendenzë probéieren, dëse Bediirfnësser vum Kand entgéint ze wiirken andeems se d´Erliefnëssfähegkeet versichen ze ënnerdrécken.

Dofir hu mir eis et am Ruddel (sou nennt een et, wann mer eis treffen) zu Häerz geholl,

  • dass d'Wëllefcher d'Zäit kréien, hanner d'Saache kucken ze kënnen.

  • dass se nei Frënn fanne kënnen.

  • dass se sech selwer entdecke kënnen (dass se oft méi kënnen, wéi se méngen).

  • dass se feststellen, dass een zesummen am Ruddel méi Spaas huet a méi staark ass.

Eisen Treffpunkt ass all Samsden um 14.00 Auer hannert der Beggener Kierch, vu wou mer dann an eis Versammlung starten. Géint 16.30 Auer si mer dann nees zréck hannert der Kierch.

Wat brauch een? --> Kleeder fir dobaussen, déi dem Wieder ugepasst sinn, a wou et net schlëmm ass, wann se mol dréckeg ginn. An engem klénge Rucksack därf een och eppes ze drénken derbai hunn. Wann ee bis de Foulard vun de Cheffe kritt huet, da soll een deen och ëmmer un hunn.

Ganz Wichteg: Samsdes virun a während enger Schoulvakanz fënnt naischt statt. Eenzeg Ausnahm sinn hei

  • d'Buergbrennen, wou mer den Dag virdrunn ëmmer ophiewe ginn,

  • souwéi de Summercamp, deen entweder am Juli oder September lait.

 
eropgoen eropgoen
D'Wëllef vu Beggen
 
© 2011 by Serge