Wie mir sinn?

Eis RaRo (Ranger a Rover), déi tëschent 17 an 23 Joer al sinn, sinn een wichtegen Bestanddeel vum Grupp. Mir plangen, organiséieren an hëllefen un all ‘Event’ vum Beggener Grupp aktiv mat. Eegeninitiative an Zesummenaarbecht ginn bei den Raro grouss geschriwwen, well mir plangen eis Campen a Sortien selwer a kucken och soss dass am Grupp alles riicht leeft.
Niewent hirem Engagement als Raro, sinn vill vun eisen Memberen och als Cheffen an verschiddenen Branchen am Grupp aktiv.

Wéini?

Mir treffen eis all Samschden vun 16:00-18:00 Auer um Scouts-Home um Eecherfeld.
Opgepasst: An den Vakanzen an op Feierdeeg sinn keng Versammlungen!

Cheffen

  • Thomas Kopf
  • Jean-Paul Kneip

Kontakt

Bei weider Froen, zéckt net eis ze kontaktéieren!

raro@beggen.lgs.lu