![]() |
|
|
|
|
![]() |
||
|
Viru kuerzer Zäit
ass e Wëllefche bei eis um Eecherfeld spazéiert. Du gesäit hien um Rand vun
engem Bësch e Feierche brennen. Dobäi stoung een, dee mam Bengelchen am Feier
gestëppelt huet.
De Wëllefchen huet
du gefrot, wien hie wuel wär a krut dunn dës Äntwert:
Moien!
Ech sinn e Biber a
sinn op der Sich no enger neier Biberfamill. Op menger Sich huet et mech elo op
Beggen/Weimeschkierch verschloen, wou ech de Serge, Akela bei de Wëllef,
kennegeléiert hunn. Spontan huet hie sech bereet erkläert fir mir ze hëllefen,
andeems hie mat mir nei Bibere sicht a mir sou zesummen eng nei Famill kënne
ginn.
De Wëllefchen huet
dat eng flott Saach fonnt an huet nogefrot, wat een dann elo misst wëssen, wann
een do derbäi wëllt sinn. Hien huet dat du séier opgeschriwwen:
·
Jidder Kand, dat am
1. oder 2. Schouljoer ass, kann e
Biber ginn.
·
D’Biberfamill huet hire Bau an de
Wanterméint zu
Weimeschkierch
an am
Summer zu
Beggen um Eecherfeld.
·
Si trëfft sech
während der Schoulzäit all Samschdes
vun 9.30 bis 11.30 Auer. Virun an an
der Vakanz ass keen Treffen!!!
à
Dat éischt Treffe fënnt am September no der grousser Vakanz statt.
·
De Biber soll am
beschten al Kleeder unhunn an dem
Wieder entspriechend gekleed sinn. Schliisslech muss ee jo net ëmmer déi ganzen
Zäit am Biberbau sëtzen.
·
Nieft de
Versammlunge si
Sortien,
Weekender an e
Camp.
·
Fir d’Aschreiwung
oder wann nach Froe sinn, da fäert net, iech beim Serge per Mail ze mellen:
Eng kuerz Erklärung
zum Stellewäert vun de Biber an de Lëtzebuerger Guiden a Scouten:
D’Biberfamill ass
dofir do, fir datt d’Kand villes iwwert d’Liewen am Grupp léiert, wou ee fir
deen aneren do soll sinn. Et ass wichteg, datt een deen aneren, an awer och d’
Ëmwelt an d’Natur
ronderëm sech, mat Respekt behandelt.
A Form vun der
Geschicht, dem Kniwwel an dem Spill, versiche mir déi jonk Biber fir d’Welt ze
begeeschteren an se dobäi och bei hirer positiver Astellung zum Liewen ze
ënnerstëtzen. An de Versammlunge kréie si d’Geleeënheet hier Fäegkeeten an Talenter eranzebréngen. Natierlech ass do villes net perfekt. Dat ass och gutt esou, well et musse keng Konschtwierker entstoen. Am Vierdergrond steet virun allem de Spaass. Sou och bei de Spiller, wou si sech aktiv an experimentéiert mat hirer Ëmwelt sollen ausernee setze kënnen.
|
|
|
|||
|
© 2011 by Serge
|
|||