Häerzlech wëllkomm op der Säit vun de Beggener AvEx!
Hei fannt dir méi oder wéineger regelméisseg, waat bei eis grad aktuell ass.
Eisen Discoglobus
Sortie dëse Samsten
29. September 2009
No enger erfollegräicher Scoutskirmes an engem nach méi erfollegräiche Chefdag huet dat neit Scoutsjoer elo endlech ugefaang. D’AvEx-Ekipp huet sech dofir eng extra Sortie afale gelooss. Mir gin de Samsten an de Kino! All weider Detailer fannt dir am Bréif.
Et ass Vakanz!
24. August 2009
Mir hoffen de Camp huet iech gefall, hei kënnt der iech d'Fotoen ukucken.
Mir starten daat nächst Scoutsjoer matt engem volle Programm: den 13. September ass eis Scoutskiermes an d'Woch drop de Chefdag, deen dëst Joer eise Grupp organiséiert. Dowéinst ass den 19. September keng Versammlung. Déi éischt normal Versammlung vum Joer ass den 26. September. Weider Infos kommen an engem Bréif.
Neie Camp-Bréif
15. Juli 2009
Déi lescht Infoen zum Camp fannt dir ënnert Aktivitéiten.
Samstes, de 4. Juli gi mir d'Kasematten an den Atombunker ënnert der Stad kucken. Mir treffen eis um 14.00 hannert der Kierch zu Beggen. Weider Detailer am Bréif (ënnen).
Den 21. Juni gi mir op den "Absurd-Cup" zu Wolz. E Bréif ass ënnerwee, deen dir awer lo schon hei liese kënnt. Deelt eis w.e.g matt, ob dir d'Bréiwer gär per E-Mail geschéckt kritt, andeems dir eis eng Noricht iwwert de Kontakt-Formulär schreift.
Op der Säit "Memberen" fannt dir lo och e Kontakt-Formulär, iwwert deen dir de Cheffen direkt kënnt eng E-Mail schécken. Zum Beispill wann dir d'Bréiwer och oder nëmmen nach per E-Mail wëllt geschéckt kréien. Schreift einfach eng oder méi Adressen an de Formulär, schreift ären Numm dobäi an ob dir nëmmen nach E-Maile wëllt, oder och nach normal Bréiwer.
@AvEx & Elteren: Mir hun eis iwwerluecht, iech vun elo un d'Bréiwer per E-mail ze schécken, wann dir daat wëllt. Esou kënne mir iech méi séier a méi oft informéieren a spuere Pabeier a Käschten. Fir op d'Lëscht ze kommen, schéckt w.e.g. eng E-mail un avexcheffen "AT" beggenerscouten.lu pascal.mousel "AT" web.de matt enger oder méi Adressen vun AvEx an/oder Elteren. Wann dir daat hei liest, soot et w.e.g. weider.
Lost & Found
25. Mee 2009
Mir sin zeréck vum WE an eisem Chalet!
@AvEx: Ech hoffen et huet iech gefall, zevill ustrengend war et jo net ;) Vill Leit hun eppes leie gelooss, äer Chefen hun alles an eisen Eck geluecht. Ennert anerem: eng gro, eng blo an eng rosa Jacquette/Pullover, e brongen T-Shirt, Flip-Flops an ee Puer déck Schong,... Déi nächst Versammlung kënnt dir d'Saachen da rëm matthuelen.